Bijan Kesseler
Bijan Kesseler

“Dank der Recherche huet de Bëtong eng Revolutioun matgemaach, déi et haut erlaabt, elegant, filigran a liicht Objeten ze kreéieren.”

Bijan Kesseler

De Bijan Kesseler, 1991 zu Lëtzebuerg gebuer, huet scho ganz jonk am Autosgarage vu sengem Papp gebastelt. Hie studéiert fir Ingenieur an der Mechanik zu Oochen. Säin Ofschlossprojet gëtt him d'Geleeënheet fir mat enger innovativer Matière, dem Textilbëtong, ze schaffen. Dat ass e Bëtong, deen duerch Glasfaser/Carbon verstäerkt ass. Seng Leidenschaft fir alles, wat rullt a virun allem fir de BMX loossen hien divers berufflech Aventuren duerch vill verschidde Länner erliewen, zum Beispill fir d'Mark Orbea a Spuenien. Hien deelt seng Passioun och gär a senge Coursen, sengem Geschäft a senge BMX- Projeten zu Lëtzebuerg.


Dank der Recherche huet de Bëtong eng Revolutioun matgemaach, déi et haut erlaabt, elegant, filigran a liicht Objeten ze kreéieren. De Bijan fënnt seng Inspiratioun a sengem Atelier zu Gonnereng, ëmgi vun historeschen Autoe mat Formen, déi een dreemen dinn an op Zäitreesen invitéieren. Hei realiséiert hien erstaunlech Kreatiounen.

PHOTO: ©Spuerkeess-Flavie Hengen
LE DRAGON, 2018, Cadre en béton armé de grilles de fibres de carbone

PHOTO: ©Spuerkeess-Flavie Hengen LE DRAGON, 2018, Cadre en béton armé de grilles de fibres de carbone

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter