Birgit Thalau
Birgit Thalau

“Sou versicht si, eng Ästhetik, déi souwuel reell wéi och fragile ass, zum Virschäin ze bréngen. ”

Birgit Thalau

D'Birgit Thalau probéiert erauszefannen, wat vun eise Gestë bleift. An hirer Aarbecht gëtt si de Materialien an den Alldagsgéigestänn eng nei Richtung a probéiert, d'Eegeschafte vum Bijou duerch e speziellt Traitement en valeur ze setzen. Si krut 1995 hire Premièressdiplom op der Konschsektioun zu Lëtzebuerg an huet duerno eng Léier als Goldschmadd an Däitschland gemaach wou si bis 2001 schafft. 2002 mécht si weider an hirer Ausbildung, an zwar an Holland, an, an Italien an a Finnland fir hir perséinlech Demarche ze entwéckelen a sech am zäitgenëssesche Konschtbijou ze spezialiséieren. Zënter 2000 presentéiert si hir Aarbecht op nationalem an internationalem Niveau an huet schonn eng Partie Bourssen, finanziell Ënnerstëtzungen a Präisser kritt.D'Birgit Thalau wunnt zënter 2009 nees zu Lëtzebuerg, wou si hir artistesch Aktivitéit weiderféiert an als Chargée d'éducation an der Sektioun "Atelier" am Preparatoire.

Fir dës Ausstellung kënnt d’Kënschtlerin op d’Familljegeschicht vun hiren Elteren zeréck, déi a verschiddenen europäesche Länner gelieft a geschafft hunn. Dës Geschicht ass a perséinleche Géigestänn verankert, déi si begleet hunn, an déi d’Kënschtlerin mat handwierkleche Gesten iwwerschafft, fir se ze valoriséieren an an hirem Wierk ze éieren.

._entangled look (détail), 2023, aluminium, argent, cuivre, or, 35,5 x 25 x 2,5cm, Photo portrait : Privat

._entangled look (détail), 2023, aluminium, argent, cuivre, or, 35,5 x 25 x 2,5cm, Photo portrait : Privat

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter