Marie-Isabelle Callier
Marie-Isabelle Callier

Marie-Isabelle Callier

No engem Diplom an der Illustratioun (St-Luc, Bréissel) d’Marie-Isabelle Callier schafft 12 Joer laang als Grafikerin an Illustratrice. Als Illustratrice an Auteure huet si méi wéi 10 Bicher erausginn, Als Molerin sinn hier Biller a Paraventen zu Bréissel, Lëtzebuerg, Washington D.C., Shanghai, Singapur a Paräis ausgestallt ginn, zu Lëtzebuerg an der Galerie Simoncini an Associatioun mat de Métiers d’Art « De Mains de Maîtres ». D'Marie-Isabelle Callier lieft a schafft zu Lëtzebuerg.

Indigo Aquarell a Medium op japaneschem Pabeier, mat Wuess gewichst. De Pabeier gëtt gewichst, duerno gestreckt, a kritt doduerch eng sametten Textur, déi, jee no Awierkung vum Liicht, opak oder semi-transparent wierkt. D’Tënt pärelt of an otemt, a schaaft esou däischter Verdichtungen oder, de Géigendeel, volatil Matièren. Jee no Liichtverhältnisser loossen d’Transparenzen eng gewëssen Onschäerft erkennen, d’Presenz vu liichten, duerchschéngende Schieter oder anere Wénkelen, déi sech an de Pabeierschnëppele verstoppen.

D’Marie-Isabelle léisst sech un dëser Invitatioun, op d'Rees ze goen, déi mam Theema verbonnen ass, bis un d’baussecht Grenze vun Territoiren aus hirer Imaginatioun an hirem Heritage   dreiwen. Op de Spuere vum Portugal aus der Zäit vun de groussen Entdeckungen, e Land vu Gaaschtfrëndlechkeet a Metissagen, voller Begeeschterung, fir nei Welten ze entdecken. Net op der Säit vun den Eroberer, mee vun de Botaniker, déi virwëlzeg op nei Aarten, op de Räichtum vun der Welt an op hir Biodiversitéit sinn. An dëse viru laanger Zäit besichte Géigende fënnt si hir wäitleefeg Wuerzelen erëm,

Amazonas - In the deep forest, 2023, Papier ciré, peint à l’aquarelle indigo et découpé, Retable en chêne par JP Ruelle, Fermé : 38 cm largeur / 50 cm hauteur / 10 cm profondeur
Ouvert : 88 cm largeur / 50 cm hauteur / 5 cm profondeur, Photo portrait : Vincent Flamion Photography

Amazonas - In the deep forest, 2023, Papier ciré, peint à l’aquarelle indigo et découpé, Retable en chêne par JP Ruelle, Fermé : 38 cm largeur / 50 cm hauteur / 10 cm profondeur Ouvert : 88 cm largeur / 50 cm hauteur / 5 cm profondeur, Photo portrait : Vincent Flamion Photography

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter