Camille Jacobs
Camille Jacobs

Camille Jacobs

 

D’Camille Jacobs lieft a schafft zu Keispelt (Lëtzebuerg). Iwwert e laange Wee vun Experimenter huet d’Camille hir Passioun fir déi komplex an heiansdo onberechenbar Matière Glas entwéckelt. No enger Ausbildung an der Glasmolerei (Institut des Beaux- Arts de Saint-Luc zu Gent), kënnt si vum Flaachglas ëmmer méi op dräidimensional Objeten aus schlichte Formen, déi dacks geometresch inspiréiert sinn. D’Natur, d’Ëmwelt an hir Geforen, d’Wëssenschaft, d’Musek si paradoxerweis Quell vun hirer Inspiratioun; hei exploréiert si d’Notioun vun der Abstraktioun am Zesummenhang mat den Erausfuerderunge vun der Faarf an hiren Theorien. Form, Dimensiounen a Faarwe fanne sech harmonesch erëm Hir ausgefale Wierker goufe séier an de Galerië queesch duerch Europa a bis a Japan an an Australien ausgestallt.

Technesch gesi setzen der Camille Jacobs hir Kreatioune sech aus e puer Couchë Flaachglas zesummen, déi erhëtzt mat Emailen agefierft ginn. Duerno ginn d’Glasplacken am Uewe zesummegeschmolt, fir eng glat an homogen Mass ze kréien. Déi kompakt Glasmass gëtt da schliisslech duerch Thermoformage modeléiert, d’Finitioun gëtt duerch Poléieren erreecht.


 

 


 

Drone views  1 , 2023, Verre en fusion, 30,5 cm x 30,5 cm x 23 cm

Drone views  1 , 2023, Verre en fusion, 30,5 cm x 30,5 cm x 23 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter