Carine Mertes
Carine Mertes

“Elle transforme la laine en combinaison avec des tissus nobles, comme la soie et le lin, pour en faire des pièces uniques.”

Carine Mertes

D'Carine Mertes, Filzerin, ass zu Lëtzebuerg gebuer; si schafft an hirem Atelier Butschebuerg zu Diddeleng. Hir Passioun, fir mat Textil ze schaffen, huet si bei d'Technik vum Wollfilze geféiert. Eng intensiv Formatioun an Däitschland, e Certificat als Filzerin an d'Zesummentreffe mat Konschthandwierker vun internationaler Renommée beräicheren hire Savoir- faire. Hir reegelméisseg Collaboratioun mat anere Konschthandwierker ënnersträichen de Räichtum an d'Diversitéit vum Filz, deen Dag fir Dag de grousse Public interpelléiert an iwwerzeegt.

Mat Woll kann d’Carine Moudeaccessoiren, dekorativ Objeten a Konschtobjete kreéieren. Just mat Seef a mat Waasser formt si Unikater aus renger Woll, déi si mat noble Stëfter wéi Seid a Léngent kombinéiert. Mat der réier net geglätter Woll, déi vu regionale Produzente kënnt, schaaft si Skulpturen, Vasen, Wandteppecher. Hir Wierker verschafft si mat planzleche Faarwen, eng zousätzlech Erausfuerderung, duerch déi ganz eenzegaarteg Objeten entstinn.

Amphore linum, 2023, laine fine de mérinos, fibres et fil de lin , H 100cm , Photo portrait : Blum Laurent, Photo oeuvre : Romain Bouschet

Amphore linum, 2023, laine fine de mérinos, fibres et fil de lin , H 100cm , Photo portrait : Blum Laurent, Photo oeuvre : Romain Bouschet

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter