Carole Solvay
Carole Solvay

“Si representéieren d’Liichtegkeet, den Equiliber, d’Douceheet, mee och d’Kraaft an d’Widerstandsfähegkeet.”

Carole Solvay

D’Carole Solvay ass eng bildend Kënschtlerin aus der Belsch. Zënter ongeféier 15 Joer schafft si mat der Fieder als Basismaterial fir hir Skulpturen:  « Meng Wierker inspiréiere sech un der Loft an dem Waasser. Wéineg Faarwen, mee Formen a Matière. Verdéiwungen, Lamellen, Bamstrukturen, Polypen aus Flom, déi vibréieren. Wéi e Stréch an der Loft gezeechent. Figéiert a gläichzäiteg a Beweegung.»


E luest, präzist, rouegt Wierk, dat sech widderhëlt, d’Elementer ginn opmierksam erausgewielt, getrimmt, erausgeschnidden an dann nees zesummegesat an Ensembelen, déi heiansdo ganz grouss Dimensiounen erreeche kënnen. D’Wierker, déi am Equiliber am Raum hänken, dialogéiere mat hirem eegene Schiet. Si representéieren d’Liichtegkeet, den Equiliber, d’Douceheet, mee och d’Kraaft  an d’Widerstandsfähegkeet. Si huet an der Belsch, a Frankräich, an Italien, a Brasilien an an der Schwäiz ausgestallt.

Long madrépore ovale, 2015, plumes et fil,
H 105 x L 4 8 x P 5 c , pièce unique

Long madrépore ovale, 2015, plumes et fil, H 105 x L 4 8 x P 5 c , pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter