

“Si kreéiert Kostümer fir den Theater, den Danz an de Film.”
Caroline Koener
D'Caroline Koener, 34 Joer al, ass eng Lëtzebuerger Kostümdesignerin, mat engem Diplom am "Costume Design for Screen&Stage" vun der Arts University Bournemouth, wou si hire Bachelor an hire Master 2007/2008 gemaach huet, béid mat "distinction". Si kreéiert Kostümer fir den Theater, den Danz an de Film.
Am Filmmilieu an am audiovisuelle Beräich huet si Kostümer fir Kuerz- a Laangspillfilmer entworf, sou zum Beispill fir: Rusty Boys (2016) vum Andy Bausch, Le Tout Nouveau Testament ( 2014) vum Jaco Van Dormael, Traces (2017) Kuerzfilm vum Cécilia Guichart a geschwënn am Kino Mary Shelley (2016) vum Haifaa Al-Mansour a Superjhemp Retörns ( 2017) vum Felix Koch. D'Caroline huet och Kostümer fir verschidden Theaterproduktioune kreéiert: Dom Juan (2015) an The Raven (2012) am Groussen Theater vu Lëtzebuerg, La Longue et Heureuse Vie de M. et Mme Toudoux (2011) am Escher Theater, Le Misanthrope (2012) an Electre (2011) am Théâtre du Centaure.
PHOTO: ©Spuerkeess-Flavie Hengen
NOIR D'ODE I, 2018, faux croco, mousseline, coton, laine, moiré