Catharina Luteijn
Catharina Luteijn

“D’Zaartheet, d‘Hellegkeet an déi deelweis Duerchsiichtegkeet vun der wäisser Faarf ass den Ausdrock vun hirer déiwer Léift a Passioun zur Natur, déi hir eng onendlech Quell un Inspiratioun ass.”

Catharina Luteijn

D’Karin Catharina Luteijn staamt aus Holland an huet sech an de 60er Joren zu Lëtzebuerg niddergelooss. No enger Spezialisatioun an der Keramik am Lycée des Arts et Métiers perfektionéiert si hir Kompetenzen an der Belsch, an Däitschland, a Frankräich an an Holland. 2002 mécht si hiren eegenen Atelier „KeramiK’Art” op a gëtt parallel dozou Coursen an der Keramik. Hir Passioun fir de Parzeläin, déi si 2010 entdeckt huet, huet hir Manéier, fir hir staark Léift zur Natur iwwer d’Konscht auszedrécken, verännert.

D’artistesch Demarche vum Karin Catharina wëll déi natierlech Schéinheet vum alldeegleche Liewe ronderëm si, besonnesch am ländleche Lëtzebuerg mat senge Geméisgäert a Wochemäert, ervirsträichen. Am Kader vun hirem Projet kreéiert si eng Rei Kierf aus natierlechem Sandsteen, an deene Rousen aus natierlechem Parzeläi leien. Si symboliséieren de Kontrast tëschent der Rustikalitéit vum Sandsteen an der Feinheet vum Parzeläin a spigelen esou d’Lëtzebuerger Gesellschaft erëm.

Fir hir Kierf aus Sandsteen hierzestellen, preparéiert d’Karin Catharina hir eege Mëschung vu „Paper-Clay”, andeem si Sandstee mat Zellulos vermëscht, änlech wéi bei der Preparatioun vu Pabeierparzeläin. Dës Matière gëtt da modeléiert, gerullt a bedréckt, fir d’Struktur vum Kuerf ze kréien. D’Bléieblieder vun de Rousen aus Parzeläi ginn individuell geformt a ronderëm eng Bull aus Pabeier zesummegesat. D’Uebst an d’Geméis aus Parzeläi gëtt an der Mass mat Pigmenter gefierft. Wann alles gedréchent ass, ginn all d’Stécker bei héijer Temperatur an engem elektreschen Uewe gebrannt.

Au marché, 2023, Grès et porcelaine, H 30 ⌀ 35cm, Photo portrait : Sophie Margue

Au marché, 2023, Grès et porcelaine, H 30 ⌀ 35cm, Photo portrait : Sophie Margue

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter