Catherine Grace Landman
Catherine Grace Landman

“Si fënnt hir Inspiratioun an der Natur an an hirem Ëmfeld, besonnesch an de Planzen.”

Catherine Grace Landman

D'Catherine Grace Landman, 1975 a Südafrika gebuer, huet e Bachelordiplom an Technologie a Keramikdesign vun der Universitéit Johannesburg (2002). Ier si bei d'Keramik komm ass, huet d'Catherine als Grafikerin geschafft, bis si entdeckt huet, dass hir wierklech Passioun doranner léing, eppes mat den Hänn ze schafen.


D'Catherine schafft als selbstänneg Keramikerin an hirem Atelier zu Lëtzebuerg. Si fënnt hir Inspiratioun an der Natur an an hirem Ëmfeld, besonnesch an de Planzen. Hir Mamm war Floraldesignerin, wat hir Aarbecht och beaflosst huet. De Leem, dee si fir hir Skulpturen oder hir méi kleng Piècë benotzt, ass aus Sandsteen an aus Porzelläin. Si mécht alles komplett op der Hand, andeems si Technike fir d'Walze vu Brammen, fir d'Modelléiere vu Wulsten ("colombins"), fir d'Klemmen an d'Pressformen uwent. Am Moment experimentéiert si an entwéckelt hir eege Gamm vu Kristallglasuren.

PHOTO: ©Spuerkeess-Flavie Hengen
PINCUSHION, 2018, terre cuite, glaçure cristal

PHOTO: ©Spuerkeess-Flavie Hengen PINCUSHION, 2018, terre cuite, glaçure cristal

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter