Célia Pascaud
Célia Pascaud

“Dës Glaslandschafte mat spëtze Kanten, wéi eng gëlle Constellatioun mat Gold a Messing verschéinert, sinn den Echo vun imaginären a geheimnisvollen Archipelen.”

Célia Pascaud

Déi 1983 zu Paräis gebuere Glaskënschtlerin Celia Pascaud kreéiert Skulpturen an Tableaue mat der Technik vun der Glaspast ("pâte de verre") an der Fusioun vu Glaskristaller. Als Bildhauerin vermëscht si och gär d'Traditioune vum Glashandwierk mat den neien Technologien a Form vun Installatiounen, déi aus den Technike vun der 3D-Veraarbechtung an der Klangwelt schëpfen. Hiert Universum schaaft Verbindungen tëscht Landschaften aus Glas a Poesie vun der Matière, fir dem Visiteur eng Rees no bannen, e klenge Schrëtt op d'Säit unzebidden.


D'Wierk "Constellations" ass eng Wandkompositioun, déi aus Glaselementer an aus Holz- a Messingstrukture besteet. Dës kontemplativ Stécker hunn e matten a mineraleschen Aspekt wéi kleng Glasfielsen, déi mat Oxiden nielléiert sinn, Dreemsteng oder Zaubersteng… Dës Glaslandschafte mat spëtze Kanten, wéi eng gëlle Constellatioun mat Gold a Messing verschéinert, sinn den Echo vun imaginären a geheimnisvollen Archipelen.

PHOTO: ©Célia Pascaud
"CONSTELLATIONS" - Détail, 2018, Verre, oxydes, bois, laiton, feuille d'or

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter