Christian Masche
Christian Masche

“Les résultats sont des objets impressionnants, des lumières et des urnes.”

Christian Masche

De Christian Masche ass zu Berlin gebuer an opgewuess. Nodeems hie seng Léier als Schräiner zu Berlin ofgeschloss hat, huet hie bei der Stiftung Preußische Schlösser und Gärten zu Potsdam als Restaurateur vun Holzobjete geschafft. Zënter 2000 schafft hien als selbstännegen Designer.

Dem Masche säi Studio läit an engem klenge Quartier, deen Oderbruch heescht, am Oste vu Berlin. Mat der Zäit huet dës Géigend sech zu enger populärer Wunn - a Schaffplaz fir eng ganz Partie Artisten entwéckelt. Fir hie selwer a fir vill vu senge Kolleege liwwert den holperegen Terrain net nëmme Matière première fir hir Aarbecht, mee inspiréiert hien och fir seng impressionant Holzskulpturen. Wärend Joren huet hie mat Holz a Metall als Basismaterial experimentéiert an huet stänneg d'Parametere vu senger Sprooch erweidert a getest. Seng Objete sinn eng perfekt Synthees vun enger eegener Funktioun an enger natierlecher Struktur : Natierlech waarm Téin vun de verschiddenen Hëlzer, déi mat dem Metall, der Keramik, dem Porzelläin an dem Bëtong kontrastéieren. Dobäi eraus kommen impressionnant Objeten, Luuchten an Urnen.

PHOTO: ©Christian Masche
“URN”, 2018, platane de Londres - cuir - feuilles d'or

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter