Claude Schmitz
Claude Schmitz

Claude Schmitz

 

De Claude Schmitz ass 1972 zu Lëtzebuerg gebuer, wou hien och lieft a schafft. Hien huet fir d'éischt vun 1995 bis 1999 Metallveraarbechtung an de Bijoutiersberuff (Joaillerie) op der Académie Royale des Beaux-Arts vun Antwerpen studéiert, ier hie vun 1999 bis 2001 e Master um Royal College of Art vu London gemaach huet. Als richtege Virtuos vum Bijou entwerft a realiséiert hie Piècë mat fléissende Linnen an engem schlichten Design. Déi Piècë schéngen ëmmer wéi am Equiliber, op der Limite vum Broch ze sinn. Et entsteet en Androck vu Männlechkeet, dee sécher vun der perfekter technescher Maîtrise vun der Metallveraarbechtung kënnt; wonnerbar deem entgéintgesat ass d'Delikatess vum Entworf an der Zesummesetzung vun de Steng. Wéi eng Illusioun och, wa sech wéi duerch Zauberhand Gold a Sëlwer a sengem Kultrank, dem "Rolling Ring" vermëschen. All eenzel Pièce, déi hie kreéiert schéngt eng Geschicht ze erzielen, zeechent sech of wéi e Personnage, eng Blumm, en Insekt, dat prett ass, fir fortzefléien an eis graziéis mat Poesie ze schmücken.

De Claude, deen zanter 2001 a sengem Atelier zu Lëtzebuerg schafft, representéiert de lëtzebuergeschen Knowhow op internationalem Niveau am Beräich vum zäitgenëssesche Schmuck, deen a puncto Qualitéit, Ästheetik a Laangliewegkeet vun de Charakteristike vum Territoire gepräägt ass.


 

 

 

Sicilia (boucles d`oreilles), 2023,or, améthyste, corail de Sardaigne, 3 x 2 cm

Sicilia (boucles d`oreilles), 2023,or, améthyste, corail de Sardaigne, 3 x 2 cm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter