Claudia Biehne
Claudia Biehne

“Fir hir eenzegaarteg Kreatioune benotzt si e Material, dat e sophistiquéiert Traitement verlaangt, wat fir si ëmmer nees eng technesch Erausfuerderung ass.”

Claudia Biehne

D'Claudia Biehne huet op der Burg Giebichenstein (Héichschoul fir Konscht an Design zu Halle), op der École des Beaux-Arts  zu Lëtzebuerg, op der Académie des Beaux-Arts zu  Prag an op der Universitéit fir Konscht an Design zu Helsinki studéiert an do hir Basiskompetenze kritt.


Als Member vun der internationaler Keramik-Akademie stellt si hir Wierker iwwerall op der Welt aus. Beim Concours MINO vu Gifu a Japan huet si e Präis vum Jury gewonnen. Hire Studio zu Leipzig an Däitschland ass op fir de Public a läit um Konscht-Hotspot "Baumwollspinnerei", enger immens grousser fréierer Kottengsfabrik.


Wann Dir an d'Säll erakommt, gleeft Dir op den éischte Bléck net, dass dat alles Porzelläin ass, wat Dir do gesitt; d'Claudia Biehne verbënnt e Savoir-faire op héchstem Niveau mat enger onverwiesselbarer kënschtlerescher Duerchféierung. Fir hir eenzegaarteg Kreatioune benotzt si e Material, dat e sophistiquéiert Traitement verlaangt, wat fir si ëmmer nees eng technesch Erausfuerderung ass. Experimenter voller Courage a Virwëtz sinn d'Basis vun der Claudia Biehne hire Skulpturen. Déi verspillte Virtuositéit vun hire Kreatiounen erënnert un organesch Formen an Artefakten aus der Vergaangenheet.

PHOTO: ©Stefan Passig
BETWEEN THE TIDES (blue object), 2018, porcelaine

PHOTO: ©Stefan Passig BETWEEN THE TIDES (blue object), 2018, porcelaine

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter