Eis Sammlung op der Révélations 2019

02/05/2019

D’Biennale Révélations 2019 huet vum 23. bis de 26. Mee stattfonnt. Déi final Selektioun vun de Wierker war impressionant a villsäiteg zugläich: Wierker aus Glas, esou delikat, datt ee sech bal net u se rugetraut huet, Keramik esou dekoréiert, datt se all d’Blécker op sech gezunn huet, Hitt, déi eis an eng fantasievoll a fantastesch Welt verféiert hunn, Holzskulpturen, déi d’Harmonie tëschent der Natur an dem Design rausgestrach hunn, an nach vill méi.

Als Éiereland dëst Joer ware mir ganz houfreg, Lëtzebuerg mat esou engem Talent a groussem Savoir-faire op der Biennale zu Paräis ze representéieren. D’Wierker symboliséieren de Räichtum vum Handwierk an der artistescher Zeen vun eisem Land, mat enger grousser Diversitéit u Materialer, déi onendlech vill kreativ Méiglechkeete bitt. Mat senger Personalitéit, sengem Talent an der Maîtrise vum Geste, huet all Kënschtler säin eegene Stil entwéckelt, deen d’Ausstellung beräichert. D’Sammlung erënnert un d’Geschicht, d’Natur an d’Wëssenschaft.

An der Keramik fanne mir prehistoresch Texturen an de Wierker vum Doris Becker, e skandinaveschen Design an de Wierker vum Marianne Steinmetzer oder Roxanne Flick, Aflëss aus der Miereswelt an de Wierker vum Ellen van der Woude, Technike vun der Haute Joaillerie an de Wierker vum Léa Schroeder an innovativ Eegenschaften an den Wierker vum Catherine Grace Landman.

Wat d’Bijoue betrëfft, erënneren d’Eeërschuelen, déi d’Kim-Jung Vu verschafft, u Mosaicker aus der Renaissance an d’Bijoue vum Claude Schmitz, mat wonnerschéine präzis geschniddenen Edelsteng, si richteg kleng modern Konschtwierker.

Eis dräi Glaskënschtler verschaffen hiert Basismaterial, fir en emblematesche Stil ze schafen: d’Skulpture vum Pascale Seil si spilleresch an erfreelech, d’Vase vum Camille Jacobs associéieren e minimalisteschen Design mat Faarwen a Motivvariatiounen, an den Duo Anne-Claude Jeitz an Alain Calliste faszinéiert, andeems en d’Glas ëmmer erëm nei erausfuerdert.

D’Skulpture vum Tom Flick, dee mat Steen oder Alabaster schafft, sinn esou fléissend wéi d’Holzskulpture vum Wouter van der Vlugt a säi mathematescht Konzept. Déi harmonesch Wierker am natierlechen Holz oder am Holz, dat verschafft gouf, vum Jean-Paul Thiefels lueden zu enger Yin-Yang-Meditatioun an, woubäi d’Katarzyna Kot-Bach a senge Skulpturen d’Essenz vum Material, dat sech verwandelt, festhält. D’Fantasie vun der Modistin Sandy Kahlich kënnt duerch hir Hitt zum Ausdrock. Déi bemoolte Panneaue vum Marie-Isabelle Callier erënneren un d’Shoji, déi japanesch Raumdeeler aus Pabeier. D’Vasen am Filz vum Carine Mertes associéieren d’Duussheet vum Material mam Chic vum modernen Design. Eise Couturier Ezri Kahn vertrëtt eis Haute Couture perfekt mat sengen eleganten a prachtvolle Räck.

Et ass evident, datt mir do sinn, fir eist Land ze representéieren, awer och, fir eis d‘Vitalitéit vun de Konschthandwierker opzesaugen. De Salon Révélations ass eng Sublimatioun vum Handwierk op internationalem Niveau an ënnersträicht, wéi wichteg et ass, dës Beruffer ze erhalen.

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter