Romy Collé
Romy Collé

Romy Collé

Nodeem si 2007 hiren Diplom am Lycée des Arts et Métiers zu Lëtzebuerg krut, huet d’Romy Collé zu München studéiert an do 2014 hiren Ofschloss als Goldschmadd gemaach. Si huet fir d’éischt zu Lëtzebuerg an der Stad an enger Bijouterie geschafft, 2016 awer dunn decidéiert, sech selbstänneg ze maachen, fir an engem eegenen Atelier hirer Kreativitéit fräie Laf loossen ze kënnen. Zanterhier huet si erfollegräich un enger Rei vu Concoursen an Ausschreiwunge vu Projeten, wéi zum Beispill „de Mains de Maîtres” (Goldschmaddaarbechten) oder och nach der Renovatioun vum klenge Casino zu Déifferdeng (Molerei), deelgeholl.

Hir Wierker zeechnen sech aus duerch d’Kombinatioun vu Formen, déi sech un der Natur inspiréieren, ronn an elancéiert Forme mat fléissende Beweegungen, ergänzt duerch geometresch, sechseckeg a streng Formen, déi vu mënschleche Realisatiounen inspiréiert sinn.

De Projet besteet doranner, hir eegen Erfarung an Techniken, déi si selwer entwéckelt huet, ze notzen, fir de stilisteschen a kënschtlereschen Ausdrock vun hire Wierker ze verdéiwen. D’Kënschtlerin erfuerscht nei Territoiren, souwuel am iwwerdroene Sënn, doduerch datt si d’Molerei nees als Ausdrocksmëttel a fir d’Experimentéiere mat neien Technologien ewéi den 3D-Drock an d’Laserschweessen notzt, wéi och am wuertwiertleche Sënn, duerch d’Verankerung vun hire Wierker am geografesche Kontext, dee si am Laf vun hirer kënschtlerescher Ausbildung duerchlaf huet: Hamburg, München an de Minett.

Lucioles dansantes, 2023, 18 carat or jaune / 18 karat yellow gold, H: 35mm L: 20mm  P.:8mm

Lucioles dansantes, 2023, 18 carat or jaune / 18 karat yellow gold, H: 35mm L: 20mm  P.:8mm

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter