Danielle Grosbusch
Danielle Grosbusch

“Danielle est illustratrice de livres pour enfants, de cahiers de poètes, de sérigraphies, et d’arbres généalogiques sur tableaux en bois.”

Danielle Grosbusch

D’Danielle Grosbusch gouf 1956 zu Ettelbréck gebuer, wou si och lieft a schafft. An de 70er Jore geet si op Beaux-Arts, inspiréiert vun de Wierker vum Roger Bertemes a vun der Gravur. Duerno huet si Textil, Serigraphie a Lithographie um Rietveld zu Amsterdam an op der Académie Royale zu Bréissel studéiert. Am Laf vun den 80er Joren illustréiert si, gëtt Coursë fir Seidemolerei a grënnt Articulum, e Geschäft fir Kënschtlerbedarf. Zanter 2000 hëlt d’Danielle un Eenzel- a Gruppenausstellungen um nationalen an internationalen Niveau deel. Si ass Member vum CAL an hëlt u Kënschtlerresidenzen am Ausland deel. Zanter 2004 enseignéiert si och Gravur am Atelier Empreinte.

Duerch hir Aarbecht zitt sech e „grénge Fuedem” aus Steng, Landschaften, Beem a Wuerzelen, deen déi sensibel a vergänglech Schéinheet vun eiser Welt ënnersträicht. Hir Wierker ruffen dozou op, déi einfach awer liewenswichteg Saachen, déi eis ëmginn, ze schätzen.  Inspiréiert vun den Azulejos vum Éieregaaschtland Portugal, benotzt si e puer Motiver vun hire Koffermatricen, fir se op eng nei, spilleresch Manéier nees zesummenzesetzen an esou eng eenzegaarteg Kompositioun ze schafen.

Regeneration, 2023, papier marouflé sur caissons en bois, 80x240cm, 25kg, Photos : Pol Linden

Regeneration, 2023, papier marouflé sur caissons en bois, 80x240cm, 25kg, Photos : Pol Linden

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter