David Catherine
David Catherine

David Catherine

D'Kreatioune vum Catherine David falen direkt op duerch eng gewote Kombinatioun vu Faarwen, duerch d'Verwendung vun alle méiglechen Zorte vu Steng a Mineralien, ganz ouni Hierarchie, verdreemt a liewensfrou. All Stéck ass als Miniaturskulptur geduecht, déi da richteg gelongen ass, wa si de Bléck vum Beobachter op sech zitt an hie schmunzelen deet. D'Catherine David stellt hir Wierker schonn zanter e puer Joer op der „Antiques and Art Fair“ zu Lëtzebuerg aus.

D’Catherine David entwërft zäitgenëssesch Bijouen. Hir Ausbildung am Beräich Bijouterie/Eedelmetaller huet si vun 1991 un zu Versailles an duerno an der École Boulle (Paräis) gemaach, éier si sech 1999 zu Lëtzebuerg installéiert huet. Deen éischte Collier erënnert mat senger kreesronner Form un e fléissend, oppent Gebitt, aus deem ewéi bei enger Planz an der Bléi an engem Otemzuch eng Pärel entsteet. D’Mosaikgravur suggeréiert d’Fléissen, de Floss vum kreative Geste, awer och déi kulturell Diversitéit. Den 2. Collier geet vun engem Konglomerat vu „Knollen” aus, wéi eenzel Territoiren déi zesummen Europa symboliséieren. Aus dëse Knolle spréissen Achsen/Äscht, déi den Androck vun Üppegkeet entstoe loossen.

De Rank ass gravéiert a wierkt ewéi zerkraazt vun den Zoufällegkeete vum Liewen. En zwiwwelfërmegen Zitrin illustréiert d’Duerchlässegkeet tëschent der Konscht an de Kulturen, genee ewéi déi éisträichesch Kierche mat hire Klackentierm, déi deene vun den orthodoxe Kierche gläichen.

Bague Zwiebelturm, Or jaune 18 ct, Or blanc palladié 18ct, Argent 925, 2 brillants, 1 citrine taillée, 2,5 x 4 cm, Photo portrait : Spuerkeess-Flavie Hengen

Bague Zwiebelturm, Or jaune 18 ct, Or blanc palladié 18ct, Argent 925, 2 brillants, 1 citrine taillée, 2,5 x 4 cm, Photo portrait : Spuerkeess-Flavie Hengen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter