Teresa de la Pisa
Teresa de la Pisa

“Hir geschéckerlech Hänn erlaben hir et, op kënschtleresch Aart a Weis all Zorte vu Volumen an Héichten auszeschaffen.”

Teresa de la Pisa

D'Teresa de La Pisa  ass den 30. Oktober 1979 zu Madrid gebuer. Si studéiert Moudendesign um Instituto Europeo di Design Madrid. Direkt nom Ofschloss vun hire Studie schafft si bis 2008 als Stilistin, deem Joer, wou si zoufälleg hir Carrière als Sculptrice a Bijoutière ugefaangen huet. Zënterhier fënnt een hir Wierker op der ganzer Welt, wéi zum Beispill bei Bergdorf Goodman New York zënter 2013, als zäitgenëssesch Konschthandwierkerin.


Hir geschéckerlech Hänn erlaben hir et, op kënschtleresch Aart a Weis all Zorte vu Volumen an Héichten auszeschaffen. Beaflosst vun de Mieresfongen an der tropescher Vegetatioun, fabrizéiert d'Teresa Beem, Planzen a Blieder mat enger Technik, déi si sech selwer bäibruecht huet an duerch déi se schonn e puermol op der Titelsäit vun enger Zäitschrëft war. D'Teresa lieft mat hirer Famill zu Lëtzebuerg an ass berufflech am Norde vun Europa ënnerwee.

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen
Clavecin d’après Christian ZELL, Hambourg 1728,
fait en 2015 - 2016, structure tridimensionnelle en bois collés
(érable, épicéa), bois de noyer, ébène et buis, os bovin, acier doux,
laiton, bronze,
H 95 x L 253 x l 9 7 cm, pièce unique

PHOTO: ©BCEE - Flavie Hengen Clavecin d’après Christian ZELL, Hambourg 1728, fait en 2015 - 2016, structure tridimensionnelle en bois collés (érable, épicéa), bois de noyer, ébène et buis, os bovin, acier doux, laiton, bronze, H 95 x L 253 x l 9 7 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter