Eng temporär Galerie am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg

19/11/2019

De Mains De Maîtres verfollegt seng Politik vun der Promotioun a Valorisatioun vum Konschthandwierk an huet sech Enn 2019 ënnert engem neie Format vu „Galerie“ am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg ausgestallt, mat enger neiaarteger Selektioun vu Wierker a raren Objete vun de beschte Konschthandwierker aus dem Grand-Duché. Keramik, Glas, Skulpturen aus Holz oder Steen, Wierker aus Textilien … déi schéinste Matièren an en aussergewéinleche Savoir-faire waren op 43, Grand Rue, an engem temporären Espace ze fannen, deen dem Konschthandwierk an der zäitgenëssescher Kreatioun gewidmet war.

 

D’Artisten, déi ausgestallt hunn:

Doris Becker (Keramikerin)

Marie-Isabelle Callier (Molerin op Wuess)

Tom Flick (Steesculpteur)

Anne-Marie Herkes (Creatrice vu Bijouen an Accessoiren)

Camille Jacobs (Glaskënschtlerin)

Carine Mertès (Filzerin)

Sarah Meyers & Laura Fugmann (Texilcreatricen a Keramikerinnen)

Marianne Steinmetzer (Keramikerin)

Léa Schroeder (Keramikerin)

Pascale Seil (Glaskënschtlerin)

Jean-Paul Thiefels (Holzsculpteur)

Wouter van der Vlugt (Holzsculpteur)

Lily a Pit Weisgerber (Textilkreateuren)

Ellen van der Woude (Keramikerin)

Eng temporär Galerie am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg



 

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter