„Viv(r)e la matière“ – 3. Editioun vun der Biennale vum Konschthandwierk - Opruff fr Kandidaturen 2020

03/02/2020

D’Associatioun „De Mains De Maîtres Luxembourg“ mécht en Opruff fir Kandidature fir déi drëtt Editioun vun der Biennale vum Konschthandwierk ënner dem Thema „Viv(r)e la matière“.

D’Biennale fënnt vum 26. bis den 29. November 2020 am selwechte prestigiéise Kader vum Gebai „19 Liberté“ vun der Spuerkeess statt.

Den Opruff, fir um Selektiounsprozess vun der Biennale De Mains De Maîtres 2020 deelzehuelen, adresséiert sech u Konschthandwierker a Konschtschafend, déi volljäreg sinn, sech individuell oder kollektiv bewerbe wëllen a Lëtzebuerger oder Persoune sinn, déi zu Lëtzebuerg wunnen oder schaffen. 

De Selektiounscomité, dee vun H.K.A. der Prinzessin Stéphanie presidéiert gëtt a sech aus Perséinlechkeeten an unerkannte Professioneller aus dem Beräich vum Konschthandwierk an der Kreatioun zesummesetzt, selektionéiert d’Dossieren, déi fir d’Editioun 2020 zréckbehale ginn.

D’Pertinenz vum Wierk zum Thema „Viv(r)e la matière“, d’Maîtrise vun den Techniken an dem Savoir-faire, d’ästhetesch Qualitéit vum Wierk, d’technesch Innovatioun an d’Kéngheet, wat d’Benotze vum Material ugeet, sinn d’Haaptbewäertungskrittäre vum Comité, deen och am Kader vun der Selektioun eng Diversitéit vun de Kreatiounsaktivitéite berücksichtege wäert. 

D’Dossiere musse bis en den 15. April, ragereecht ginn.

D’Kandidaturdossieren an d’Konditioune kënnen hei drënner rofgeluede ginn a sinn ofzegi bei oder mat der Post anzeschécken un

Association De Mains De Maîtres Luxembourg

c/o Chambre des Métiers,

2 Circuit de la Foire Internationale,

L-1347 Luxembourg-Kirchberg

oder

BP 1604 L-1016 Luxembourg,

mam Vermierk „Biennale De Mains De Maîtres 2020“

oder per E-Mail op marie.dumond@demainsdemaitres.lu

„Viv(r)e la matière“ – 3. Editioun vun der Biennale vum Konschthandwierk - Opruff fr Kandidaturen 2020

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter