Eliane Lothritz
Eliane Lothritz

“Si stellt och op veschiddene Konschtmäert aus, wéi zum Beispill zu Buerglënster oder zu Allënster.”

Eliane Lothritz

 

D`Eliane Lothritz, 1962 zu Lëtzebuerg gebuer, wunnt zu Boufer. Si ass Mamm vu véier Kanner a war Secrétaire médicale vu Beruff. Virun 10 Joer huet se d`Fale vu Bicher fir sech entdeckt. Si faalt Nimm, Logoen, ganz Spréch an och Portraiten an d`Bicher. Wann e Buch beschiedegt ass a sech net méi fir  Falen eegent, zerschneit si et a mécht doraus Tableaue mat de Pabeiersbanden an Extraiten.

Bicher a Pabeier verschaffen ass fir si eng Leidenschaft ginn an gëtt hir eng vollsten Zefriddenheet.

Zënter 2 Joer mécht si och Konschtwierker andeems si Skulpturen aus de Pabeiersbande mécht.

Si ass scho jorelaang op de Walfer Bicherdeeg mat engem Stand, awer och um Art`Lënster , um Konschthandwierkermaart zu Buerglënster an och op verschidde Konschtmäert stellt si hir Wierker aus. Hir Aarbecht fënnt een och a verschidde Galerien ( Galerie vu Walfer, Galerie A Rousen zu Péiteng, Galerie beim Steinhäuser , al Kiirch zu Rued Syr asw ). 2018 huet si hir gefaalte Bicher bei der Expo De Mains de Maîtres ausgestallt.

2022 huet si d`Chrëschtdeko fir de Centre Commercial Topaze um Mierscherbierg gemaach. ( 550 Stären aus Pabeier vu 50, 40 an 30 cm)

 Als Presidentin vun der Associatioun Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l hëlt si och u Mäert deel, déi si selwer organiséiert.


 

 

 

The Wave, 2023, "extraits de pages de livres, coupés en pièces de 4x5 cm, pliés en petits éléments, environ  600 pièces
socle en bois: Schräinerei Fandel frères,48 x 30 (socle 31 x 20), Photo Portrait : Marcel Gras

The Wave, 2023, "extraits de pages de livres, coupés en pièces de 4x5 cm, pliés en petits éléments, environ 600 pièces socle en bois: Schräinerei Fandel frères,48 x 30 (socle 31 x 20), Photo Portrait : Marcel Gras

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter