Ellen van der Woude
Ellen van der Woude

Ellen van der Woude

D’Ellen van der Woude ass eng hollännesch Keramikerin, déi zu Lëtzebuerg lieft a schafft. Nodeem si als Juristin geschafft huet, huet si virun 10 Joer hir kënschtleresch Carrière ugefaangen. D’Ellen van der Woude hëlt reegelméisseg un Ausstellungen deel a schafft op Optrag. D’Natur spillt eng wichteg Roll an hirer Aarbecht an ass eng immens räich Inspiratiounsquell. An hire leschte Wierker sinn et virun allem Sujeten aus der Mieres-an der Planzewelt, déi am Vierdergrond stinn. Hiert Wierk besteet aus Unikater, déi ganz op der Hand realiséiert gi sinn. Zu kengem Moment vun hirem Schafe benotzt d’Kënschtlerin eng Dréibänk oder Formen. All Objet gëtt mat Ofdréck kreéiert, déi op der Hand gemaach sinn, een no deem aneren. Dës minutiéis Aarbecht mécht den Objet eenzegaarteg a schéin. Well si fënnt, dass d’Emailen d’Matière aspären, benotzt d’Kënschtlerin léiwer de Buedem a sengem natierlechen Zoustand oder traitéiert e just mat Engoben an Oxyden.

Am Zesummenhang mam Theema vun dësem Joer dréckt hire Projet déi multikulturell Gesellschaft vu Lëtzebuerg iwwer d’Diversitéit vun hire florale Skulpturen aus wäissem Parzeläin aus. Dës Länner beräicheren déi Lëtzebuerger Kultur a Bevëlkerung mat hiren ënnerschiddlechen Nationalblummen, a bilden eng harmonesch Blummemauer, déi symbolesch fir eng Welt steet, déi sech permanent verännert.

An Opulent Anthology of Diversity: 
Luxembourg’s Multicultural Tapestry in Blooming Harmony, 2023, Porcelaine , 114 sculptures, Photo portrait : Flavie Hengen

An Opulent Anthology of Diversity: Luxembourg’s Multicultural Tapestry in Blooming Harmony, 2023, Porcelaine , 114 sculptures, Photo portrait : Flavie Hengen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter