Emilie Rouillon
Emilie Rouillon

“ Hir Kreatioune sinn d'Wierk vun der Zäit a vun der Maîtrise vum richtegen, genaue Gest”

Emilie Rouillon

D'Emilie Rouillon, 1980 gebuer, lieft zënter ongeféier fofzéng Joer an der Ardèche. Si huet en Diplom am Droit, mee si verléisst d'Uni a went sech dem natierleche Milieu zou: Si schafft als Accompagnatrice de Montagne a fänkt u mat flechten. Si gëtt an der École Nationale de Vannerie (Haute-Marne,Frankräich) ugeholl, wou si 2008 hiren Diplom kritt. Wärend e puer Joer perfektionéiert si hir Gesten, andeems se traditionell Kierf flecht an andeems se sech an diversen Ateliere weiderbilt. 2013 schafft si mam Emmanuel Peccatte, engem Keramiker, zesummen, an 2015 kréie si als Duo de regionalen an duerno den nationale Präis vum Concours vun den  Ateliers d'Art de France mat hirem Wierk "N'importe où … mais hors du monde".


Hir Kreatioune sinn d'Wierk vun der Zäit a vun der Maîtrise vum richtegen, genaue Geste. Si huet eng Virléift fir d'Weed, mee och aner Matièrë kënne sech dra mëschen an an den Dialog domat trieden. Si verleegent näischt vun der Traditioun, si hëlt se a sech op, fir driwwer erauszegoen, den Objet ze subliméieren oder sech vun him ze distanzéieren, eng Emotioun entstoen ze loossen, a virun allem net gläichgülteg ze loossen.

PHOTO: © Rémi Chaléat
LA PIERRE DE L'ENTRÉE, osier brut, calebasse peinte, granit et canne de rotin teintée

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter