Gabriela Fiorenza
Gabriela Fiorenza

Gabriela Fiorenza

D'Gabriela Fiorenza, Argentinier-Italienerin, zu Buenos Aires gebuer, wunnt zënter 1990 zu Lëtzebuerg. Vun hiren Ufäng an der Ecole Nagare fir japanesch Keramik zu Buenos Aires (Argentinien) bis bei d'Académie des Beaux-Arts zu Arel (Belsch), huet si divers Atelieren a Schoule fir Keramik, Ueleg- a Porzelläinmolerei, Konschtgeschicht a Bijouterie besicht, wat zu enger stänneger Beräicherung vun hirer Kreativitéit bäigedroen huet.

Déi japanesch Keramik huet der Keramikerin a Creatrice vun zäitgenëssesche Bijouen d'Delikatess vun de Gesten an de Forme bäibruecht, mee hir Aarbecht huet sech zum Porzelläin hin entwéckelt, als Basismatière, op déi d'Molerei (déi se bei Jonken an Erwuessenen enseignéiert huet) kann opgedroe ginn. D'Recherche no neie Matièren, Formen, Definitiounen, Espacen a Faarwen huet si bei d'Kreatioun vun zäitgenëssesche Bijoue geféiert, wou si verschidden Elementer, nämlech Metall, Lieder, Glas oder Stëfter kann integréieren. Andeems si vum Porzelläin ausgeet, formbar a verformbar, delikat, liichtduerchléisseg, an iwwert de Wee vun Interaktiounen iwwer d'Fantasie, d'Kreativitéit, d'Léier an déi onerwaarte Resultater, déi duerch d'Matière selwer entstinn, schaaft si Wierker, déi ee virwëtzeg maachen, een iwwerraschen a Sensatiounen ervirruffen.

Entrelacé, 2023, Métal, porcelaine et grès, 70cm, Photo oeuvre : Marie Constance Argüello

Entrelacé, 2023, Métal, porcelaine et grès, 70cm, Photo oeuvre : Marie Constance Argüello

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter