Nancy Fis
Nancy Fis

Nancy Fis

D`Nancy Fis ass 1990 zu Lëtzebuerg gebuer ginn a geet hei hirer grousser Leidenschaft, der Kreatioun vum moderne Bijou no. Si huet sech Zäit geholl a Schrëtt fir Schrëtt déi verschiddensten Techniken vun der Metallveraarbechtung geléiert, sief dat an hirer Formatioun zum Gold- a Sëlwerschmadd zu Idar- Oberstein, Owescoursen oder spezifesche Stagen national an international.

2019 kënnt d`Decisioun sech selbststänneg ze maachen an hire Clienten mat handgemaachen, héichwäertegen Eenzelstécker Loscht op Eenzegaartegkeet ze maachen. Oppe fir déi verschiddenste Rohstoffer, konzentréiert si sech awer haaptsächlech op fair gehandelt Gold an Sëlwer aus deenen si déi ënnerschiddlechste Legéierunge selwer hierstellt a weider verschafft. Ee Bijou aus renger Handaarbecht soll net nëmmen Freed maachen an eng perséinlech Ënnerschrëft vum Createur droen, mee och e Patrimoine duerstellen an déi wonnerbar al Technike vun der Golda Sëlwerschmaddskonscht temoignéieren.

Bague "Thesaurus", 2023, Or jaune 18 kt 750/-Rubellite et Brilllant, 40x30 mm, Photo oeuvre : Letzshop, Photo portrait :

Bague "Thesaurus", 2023, Or jaune 18 kt 750/-Rubellite et Brilllant, 40x30 mm, Photo oeuvre : Letzshop, Photo portrait :

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter