Roxane Flick et Michael Nätscher
Roxane Flick et Michael Nätscher

“Duerch hir Mataarbecht am Handwierk an am Design entstinn aussergewéinlech Produite vun enger gemeinsamer Faszinatioun fir d'Präzisioun, d'Ästhetik, d'Material an d'Formen.”

Roxane Flick et Michael Nätscher

D'Roxanne Flick ass Designerin fir Miwwelen an Accessoirë fir d'Haus. Wann et hir no geet, soll den Design méi wéi just funktionell Objeten ervirbréngen; d'Produite sollen hir eege Geschicht erzielen. Si sollen net nëmme nëtzlech sinn, mee eng Sprooch schwätzen, déi deen, dee se benotzt, faszinéiert an déi Emotioune bei him ervirrifft.


Während hire Studien zu Lëtzebuerg, an Däitschland an an Holland huet si ugefaangen, sech fir den Design an d'Konschthandwierk ze begeeschteren. Fir hir Projeten ze realiséieren, schafft si intern oder mat passionéierten Handwierker wéi dem Holzdréier Michael Nätscher zesummen. Fir hie verlaangt d'Holzdréien e komplexe Know-how, kombinéiert mat Kreativitéit. D'Präzisioun an de Sënn fir d'Form féieren zu Objeten, déi ästhetesch a praktesch ze realiséieren sinn. D'Roxanne schafft och mat Middle Kingdom Porcelain zesummen, deene hir Produiten aus Porzelläin sech un enger laanger Geschicht vun Design an Handwierk vu chineseschem Porzelläin inspiréieren. Duerch hir Mataarbecht am Handwierk an am Design entstinn aussergewéinlech Produite vun enger gemeinsamer Faszinatioun  fir d'Präzisioun, d'Ästhetik, d'Material an d'Formen.

PHOTO: ©Roxanne Flick
PURPUR, 2016-2018, collection de porcelaines, table en chêne

PHOTO: ©Roxanne Flick PURPUR, 2016-2018, collection de porcelaines, table en chêne

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter