Tom Flick
Tom Flick

Tom Flick

Den Tom Flick ass 1968 zu Lëtzebuerg gebuer. Säi Parcours fänkt an der Sectioun Beaux-Arts vum Lycée Technique des Arts et Métiers zu Lëtzebuerg un, duerno perfektionéiert hie sech un der Hochschule für angewandte Kunst (haut: Universität) zu Wien an Éisterräich. Vun 1991 bis 2001 schafft hien am Atelier Millebaach, deen de Lucien Wercollier him zur Verfügung gestallt huet. 2001 grënnt hie mat e puer Kënschtler de Collectif Sixthfloor an enger aler Seeërei zu Käerch. Zënter 2007 organiséiert hien do all dräi Joer de Muse Symposium, en internationale Symposium fir Skulptur. Mat sengem Kolleeg Lukas Arons grënnt hien 2010 a Schweden den Atelier Stonezone fir Monumentalskulpturen.

Hie schafft am léifste mat Sandsteen, Marber, Granit an Alabaster, aus deenen hie seng Wierker schaaft, déi hien zu Lëtzebuerg an am Ausland ausstellt. Eng zéng Monumentalskulpturen huet hie fir den ëffentleche Raum realiséiert. Seng plastesch Approche ass weder abstrakt nach figurativ, mee versicht, eng perséinlech tridimensional Sprooch ze kreéieren.

ATLANTIS, 2023, albâtre blanc, 27x28x56cm, 61kg, Photo portrait : Lydia Keilen

ATLANTIS, 2023, albâtre blanc, 27x28x56cm, 61kg, Photo portrait : Lydia Keilen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter