Léonie Fonck
Léonie Fonck

Léonie Fonck

Leonie ass 1961 zu Dikrech op t Welt komm. Strécken huet hatt als Kand scho begeeschtert. Matt e puer Nolen an engem Fuedem eppes ze kreéieren.

2006 huet hatt sech an e Bijouskurs vum Claude Recken ageschriwwen. Schon no e puer Kueren war Decisioun gefall fir méi doraus ze machen. E Stage reit sech un den aneren. Hatt schreift sech wärend 4 Joer an t Kueren vum Claire Lavende an der Académie des beaux arts zu Arel an. Parallel kommen awer och Kueren beim Urs Stüssi zu Freiburg an och beim Hans Kasper (+) vun der Goldschmiedeschule Pforzheim derbäi. Besonnesch dem Hans seng Stréckkueren faszinéieren hatt.

 A sengem Atelier um Kuelbécherhaff ass hatt och ëmmer op der Sich no neien Erausfuerderungen an experimentéiert mat verschiddenen Déckten vu Selwerdrot a mat ënnerschiddlechen Moossen vun « Strécklieselen ». Hat probéiert och ëmmer aner Materialien ewéi Edelsteng, Stoff oder Holz a seng Stréckereienanzebannen. All Material huet seng besonnesch Eegenschaften an säin Defi läit doranner sie harmonesch an am Respekt vun dësen verschidden Eegenschaften mateneen ze verschmëlzen

n*ART*ture (de la nature à la parure), 2023,  bois de If avec une finition en fil d’argent tricoté, 13 x 18 cm, Photo oeuvre : Studio Foteli, Photo portrait : Flavie Hengen

n*ART*ture (de la nature à la parure), 2023,  bois de If avec une finition en fil d’argent tricoté, 13 x 18 cm, Photo oeuvre : Studio Foteli, Photo portrait : Flavie Hengen

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter