Françoise Mussel
Françoise Mussel

“Si huet gär, wann d'Leit sech beim Entdecke vun hire Käpp a Skulpture kucken.”

Françoise Mussel

D'Françoise Mussel lieft a schafft als Aulebäckesch an der Bourgogne. Si verschafft a formt de Buedem. Fir si ass de glaséierte Sandsteen dee schéinsten Ausdrock vun dëser Matière. Säi Räichtum u Faarwe bitt onendlech  Méiglechkeeten, fir ze recherchéieren an ze entdecken. D'Françoise versicht, Legenden, Aventuren, schéi Geschichten ze erzielen. Si fillt sech wéi d‘Cousine vun den afrikaneschen an ozeanesche Kënscht, wa si sculptéiert, si geet och an der Dramwelt no Inspiratioun sichen. Si huet gär, wann d'Leit sech beim Entdecke vun hire Käpp a Skulpture kucken.


A Frankräich huet d'Françoise an der Fondation nationale des arts graphiques et plastiques (2003), op der Biennale vu Châteauroux (2005), am Musée des Arts Décoratifs vu Paräis (2011) an och am Musée La Piscine vu Roubaix (2012) ausgestallt. Méi rezent fënnt een hir Wierker an England, nämlech zu London  bei der Collect (2014 an 2015).

PHOTO: ©studio Bonne Mine
ROLAND À RONCEVEAUX, 2018, grès, émail, céladon, oxydes titane rutile, cuivre, fer

PHOTO: ©studio Bonne Mine ROLAND À RONCEVEAUX, 2018, grès, émail, céladon, oxydes titane rutile, cuivre, fer

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter