Georges Jungblut
Georges Jungblut

“Eng grouss Satisfaktioun entsteet doduerch, dass ee vun enger technescher Zeechnung ausgeet an et fäerdeg bréngt, e komplexe Mechanismus un d'Goen ze bréngen.”

Georges Jungblut

De Georges Jungblut ass 1964 zu Lëtzebuerg gebuer. Mechanik huet hie schonn ëmmer faszinéiert an dofir huet hien decidéiert, eng Formatioun als Auermécher-Rhabilleur un der École d'horlogerie zu Genf ze maachen. Duerno huet hie sech am Musée international d’horlogerie de La Chaux-de-Fonds an der Schwäiz als Auererestaurateur spezialiséiert. Déi Formatioun huet him et erlaabt, sech fir zwee Volete vun der Auermécherei ze begeeschteren, déi ausserhalb vum gewéinleche Kader vun dësem Beruff sinn.


Engersäits spigelt en d'Wichtegkeet vun der Horlogerie an der Geschicht erëm, net nëmme vun engem ästhetesche Standpunkt aus, wann een déi verschidde Facettë vun den Epochestiler kuckt, mee och vun engem technesche Standpunkt aus, an dohier och, wat de prakteschen Notze vun den "Zäitwiechter" ubelaangt. Op der anerer Säit entdeckt hien de Mechanismus am Zesummenhang mat der Horlogerie, wat eng grouss Geschéckerlechkeet verlaangt. Eng grouss Satisfaktioun entsteet doduerch, dass ee vun enger technescher Zeechnung ausgeet an et fäerdeg bréngt, e komplexe Mechanismus un d'Goen ze bréngen.

PHOTO: ©Spuerkeess-Flavie Hengen
PENDULETTE À ÉCHAPPEMENT À DÉTENTE ET À ÉQUATION DU TEMPS

PHOTO: ©Spuerkeess-Flavie Hengen PENDULETTE À ÉCHAPPEMENT À DÉTENTE ET À ÉQUATION DU TEMPS

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter