Gerard Kuijpers
Gerard Kuijpers

“ Op der Sich no de Limitte vun de Materialie kreéiert de Gérard Kuijpers Objeten, déi Einfachheet an Éierlechkeet ausstralen.”

Gerard Kuijpers

Zënter 30 Joer sicht de Gérard Kuijpers, Autodidakt, no de weesentleche Qualitéite vum Stol, dem Steen-Glas an dem Holz. Sou trëfft hien op d'Häerzstéck vu senge Materialien a benotzt dann d'Kraaft  vun hirer Interaktioun. D'Glas gëtt nach méi duerchsiichteg, de Stol nach méi resistent; d'Holz kritt nach méi Wäermt, de Stee veréiwegt sech. Ausserdeem dauchen nach méi fundamental Géigesätz op: Resistenz géint Beweegung, Strengheet géint Organescht, Notzbarkeet géint Poesie. Déi Géigesätz verschmëlzen dann an enger magescher Harmonie vun der Géigewaart. An hirer Schlichtheet sinn d'Wierker zäitlos.


Op der Sich no de Limitte vun de Materialie kreéiert de Gérard Kuijpers Objeten, déi Einfachheet an Éierlechkeet ausstralen. An all Objet, deen hie realiséiert, erreecht hie souwuel Zesummenhalt wéi Kohärenz. Duerch seng kreativ Explosivitéit ensti Wierker, déi engem den Otem huelen. Wann et ëm Technik geet, dann ass hien en Denker "out of the box". Dem Kuijpers säi lescht Wierk, "Dancing Stones", baséiert op e fréiert Monumentalwierk. Mee an dësem Wierk orientéiert hie sech zu enger ausdrécklecher Interaktioun tëschent dem Spectateur an dem Konschtwierk, andeems en den Taaschtsënn éiert.

PHOTO: ©Gallery Yves Gastou
DANCING STONE; THE WHALE, Marbre vert d'Aoste, Italie, acier

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter