Claude Goergen
Claude Goergen

“ Seng Skulpturen an Assemblagen bestinn zum groussen Deel aus verschiddenen Sperrhölzer, en kënstlecht Material wat eigentlech net wierklech dozou gëeegent ass.”

Claude Goergen

De Claude Goergen gouf 1959 zu Saint-Germain-en-Laye (Frankräich) vun Schwäizer Mamm an Lëtzebuerger Papp gebuer an lieft an schafft seithier zu Lëtzebuerg. Wärend senger berufflecher Carrière huet hien net manner wéi 4 ënnerschiddlech  Beruffer geléiert an ausgefouert.  Seng  Beruffer,  mee och seng verschidden Hobbiën haten eppes eegen: si waren ëmmer kreativ an hunn et dem Claude erméiglecht net nëmmen op intellektuellem mee och op manuellem Plang ze schaffen an ze erschafen.


Seng Skulpturen an Assemblagen  bestinn zum groussen Deel aus verschiddenen Sperrhölzer, en kënstlecht Material wat eigentlech net wierklech dozou gëeegent ass. Well et sech hei net ëm „sculptéieren“ am rengen Sënn vum Wuert handelt muss hien ëmmer erëm beruff-iwwergräifend Techniken asetzen.  Niewent deenen „kënstlechen“ Materialien verschafft hien awer och natuerbelossen Hëlzer an Steng, déi hien bei sengen Wanderungen am Norden vun der Corse sammelt. Et ass och an der Balagne wou hien den Sculpteur Pierre Pardon kennegeléiert huet, deen säit Joren säin Mentor ass, an hien wärend 2 Wochen pro Joer an seng Projeten abënnt.

PHOTO: ©Claude Goergen 
DRUSE, 2014, contreplaqué de hêtre, 137 x 124 x 30 cm, pièce unique

PHOTO: ©Claude Goergen DRUSE, 2014, contreplaqué de hêtre, 137 x 124 x 30 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter