Hervé Wahlen
Hervé Wahlen

“« Et ass immens sensuell, mat der Hand iwwer d’Kurben ze fueren! »”

Hervé Wahlen

Den Hervé Wahlen, Kofferschmatt, ass 1957 gebuer. D’Kofferschmatthandwierk ass kee Beruff, et ass eng Technik. Den Hervé Wahlen definéiert et als «Mise en forme vu metallene Folien» a situéiert et tëscht der Aarbecht vum Kesselschmatt a vum Goldschmatt. Hien huet mat der Gravure ugefaangen, mee soubal d’Kofferfolie ënnert d’Press komm ass, war et eriwwer mam Spaass. Den Hervé huet festgestallt, dass duerch d’Aarbecht vum Kofferschmatt eege Formen entstinn:  « Et ass immens sensuell, mat der Hand iwwer d’Kurben ze fueren! »


Haut schafft den Artist just nach mat Koffer. Mat der Wäermt, der Douceheet an de Reflete verbënnt hie sécher d’Bild vun Algerien, sengem Heemechtsland. Hien huet eng ganz physesch Relatioun mat der Matière, ouni dass et gezwongen oder repetitiv gëtt: «Ech schweesse vill, ech füge bäi, ech schneiden ewech, ech bauen op. Dat ergëtt ganz einfach Objeten, hueler natierlech, déi d’Gläichgewiicht duerch Géigegewiichter halen, e Prinzip, dat ech agesat hunn, wéi ech zu Montreuil mäin Atelier mam leschte Fabrikant vu réimesche Woe gedeelt hunn.» An deem ganz däischteren Atelier huet hien och ugefaangen, ganz staark Patinnen opzedroen, fir senge Wierker eng gewësse Luminositéit ze ginn. 

PHOTO: © JL Maby
Empreinte, 2016, Cuivre martelé, patiné, patine feuille or jaune,
H 59 x Ø 2 1 cm, série limitée

PHOTO: © JL Maby Empreinte, 2016, Cuivre martelé, patiné, patine feuille or jaune, H 59 x Ø 2 1 cm, série limitée

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter