Mathias Hoffmann (Kopie)
Mathias Hoffmann (Kopie)

Mathias Hoffmann (Kopie)

De Mett (Mathias, Auguste, Jean) Hoffmann, deen 2010 säin Diplom am Engineering Product Design Management um Institut Supérieur de Design zu Valenciennes krut, ass en onofhängegen Designer zu Lëtzebuerg. Duerch seng Aktivitéiten am kulturelle Secteur, besonnesch am Kader vun der Organisatioun vun Eventprojeten, dréit hien zu der Entwécklung vun der lokaler kreativer Zeen bäi.

D’kënschtleresch Demarche vum Mett Hoffmann konzentréiert sech op d’Erfuerschung vun innovativen, nohaltegen an zougängleche Materialer. Seng Passioun fir Liicht huet hien dozou bruecht, eenzegaarteg Liichtambiancen ze schafen. No enger déifgräifender Recherche op der Sich no Iddie fänkt d’Phas vun der Konzeptualiséierung an der Entwécklung vun innovative Produiten an Déngschtleeschtungen un, bei deenen d’Einfachheet an d’Verwäertbarkeet am Vierdergrond stinn.

Beim Ausschaffe vun der Zeenografie vun der „Nuit des Lampions” huet de Mett e System entwéckelt, mat deem personaliséiert Lampionen aus Transparentpabeier a Musterklamere gebaut kënne ginn. Seng neiste Kreatiounen, inspiréiert vu senge Reesen a vun der Natur, sinn ëmmer nees verwendbar Luuchten, déi liicht auserneegeholl an nees zesummegesat kënne ginn.  Hie bitt ausserdeem LAMPINION-Atelieren un, an deenen d’Participantë mat engem vun him selwer entwéckelte Montagesystem hir eege personaliséiert Luuchte kreéiere kënnen, a fërdert esou déi kreativ Diversitéit an d’Vermëttlung vun Knowhow.

Lampinion 150 x 50, 2023, Papier calque (formes triangulaires perforées), attaches parisiennes, source lumineuse, H : 150cm ⌀ 50cm, Photo oeuvre : MajH

Lampinion 150 x 50, 2023, Papier calque (formes triangulaires perforées), attaches parisiennes, source lumineuse, H : 150cm ⌀ 50cm, Photo oeuvre : MajH

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter