Isabelle Schweitzer
Isabelle Schweitzer

“D’Isabelle ass zoustänneg fir privat an ëffentlech Projeten.”

Isabelle Schweitzer

D’Isabelle Schweitzer, 1979 zu Lëtzebuerg gebuer, mécht hir Licence an den Arts Plastiques 2002 zu Stroossbuerg a studéiert duerno Innenarchitektur an Design zu Paräis. Mat engem Diplom vun der Ecole Camondo vu Paräis an der Täsch, kënnt si 2008 op Lëtzebuerg zeréck, wou si hire Büro fir Innenarchitektur an Design opmécht, dat am Kader vum Familljebetrib, enger Dekoratiounsfirma, déi hir Elteren Doris a Lucien Schweitzer 1980 gegrënnt haten. Am Joer 2009 respektiv 2013 kommen hir Schwësteren Anne an Tammy derbäi; zesumme leede si déi verschidde Branchë vum Betrib.


D’Isabelle ass zoustänneg fir privat an ëffentlech Projeten, zu Lëtzebuerg an am Ausland, fir Clienten, déi dat ganz perséinlecht Konzept an de Suivi op Mooss, eng Spezialitéit vun hirer Firma, ze schätze wëssen. E groussen Deel vun hirer Aarbecht besteet och an der Weiderentwécklung vun de Betriber Lucien Schweitzer, woubäi ee vun de leschte wichtege Schrëtter war, mam Boutique-Showroom an d’Stad ze plënneren.

PHOTO: © Carlos De Freitas/ Lucien Schweitzer
AVA de la série l‘Ecrin Inversé, 2016,
tissu en pli soleil sur mousse et support MD,
Ø 90 cm, série limitée.

PHOTO: © Carlos De Freitas/ Lucien Schweitzer AVA de la série l‘Ecrin Inversé, 2016, tissu en pli soleil sur mousse et support MD, Ø 90 cm, série limitée.

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter