Jean Paul Thiefels
Jean Paul Thiefels

Jean Paul Thiefels

De Jean-Paul Thiefels ass 1952 zu Lëtzebuerg gebuer. D’Léift zur Natur an zur Konscht grad wéi d’Geschéckerlechkeet huet hie vu sengem Papp geierft. Sou huet hie ganz fréi geléiert, net nëmmen ze kucken, mee ze gesinn. Dofi r ass et net verwonnerlech, dass aus deenen Affi nitéiten eppes Artistesches a Kreatives entstan ass. Nodeems hien ufanks e puer praktesch Objete wéi kleng Dëscher oder aner kleng Miwwelstécker aus Eenzelstécker, déi en aus dem Bësch matbruecht huet, geschafen huet, huet hien ugefaangen, sech fi r déi kënschtleresch Skulptur ze passionéieren, eppes, wat hien elo schonn zënter 10 Joer mécht. Seng ganz organesch Skulpturen zeechne sech duerch hir natierlech a fl éissend Formen aus, déi sou munch een als sensuell bezeechent, an déi d’Leidenschaft vum Kënschtler ausstralen. Aus der Oppositioun vu poléierten Uewerfl ächen an deenen, déi natierlech gelooss gi sinn, entstinn Tensiounen an de Formen, déi engem Loscht maachen, se unzepaken, fi r se ze erfaassen. D’Devise vum Kënschtler ass: «Eng Konscht a vill Léift».

Fir dës Ausstellung schaaft de Jean-Paul Thiefels eng Synthees vum Motto „De Geste an den Territoire” an zwee klenge skulpturale Miwwelstécker, an deem de Geste vun der traditioneller Fabrikatioun an den Territoire vun den heemesche Bëscher, aus deenen d’Holz staamt, matenee verwieft sinn.

langage corporel (étude naturelle), 2023, bois de chêne et bois de sapin, 100 x 80x 75 cm, Photo portrait : Gery OTH

langage corporel (étude naturelle), 2023, bois de chêne et bois de sapin, 100 x 80x 75 cm, Photo portrait : Gery OTH

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter