Joey Adam
Joey Adam

Joey Adam

D'Joey Adam, gebuer 1972, mat Lëtzebuerger Originnen, ass eng ganz polyvalent Kënschtlerin, déi gär mat der Diversitéit vun de Materialien experimentéiert. Mat engem Diplom an den Arts graphiques vum Lycée des Arts et Métiers huet si an Italien zu Florenz weider studéiert, fir sech an historeschen a cinematographesche Kostümer ze spezialiséieren, grad wéi am Bühnendekor an an den Theateraccessoiren.

Beim Entworf vun dëse Korsetter huet si sech vum Melusina, dem Grand-Palais zu Paräis an de Rouse vu Lëtzebuerg inspiréiere gelooss.  Fir dës Wierker schafen ze kënnen, ass eng gutt Basis am Bitzen, an der Skulptur an och an der Molerei néideg. Hiergestallt gi se aus verschiddenen Haarzer, thermoplasteschem Material a „flexibelem“ Holz. De Kierper gëtt no engem Originalpatron aus thermoplasteschem Material ausgeschnidden. Fir eng Rei vu Verzierunge gi Forme benotzt, déi meescht ginn awer op der Hand gemaach oder mat verschiddene spezielle Modelléiermasse verännert. Och d’Zesummesetzen an d’Opmole vun allen Detailer ginn op der Hand gemaach. De Prozess ëmfaasst vill verschidde Phasen, ugefaange mat der Virbereedung vun der Matière iwwer d’Zouschneiden, d’Hierstelle vun den dekorativen Elementer bis hin zum Montage an dem Opdroe vun enger ganzer Rei vu Patinéierungen an delikate Faarfcouchen.

Mélusina, 2023, Thermoplastique, perles et strass, Photo : Jack Guilfoyle 

Mélusina, 2023, Thermoplastique, perles et strass, Photo : Jack Guilfoyle 

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter