Josiane Raus-Goeres
Josiane Raus-Goeres

“Faszinéiert vun de Faarwen, der Transparenz, der Luucht vum Glas, produzéiert si an hirem Atelier zu Uespelt faszinant an iwwerraschend Kreatiounen, bei deenen d’Glas mat villen anere Materialie kombinéiert gëtt.”

Josiane Raus-Goeres

D’Josiane Raus-Goeres, 1967 zu Lëtzebuerg gebuer, entdeckt 1988 hir Faszinatioun fir d’Glas. Nodeem si verschidden Techniken ausprobéiert huet, fir dëst Material ze verschaffen, spezialiséiert si sech am fusionnéierte Glas an am Thermoformage, a perfektionnéiert hir Technik a verschiddene Konscht-atelieren zu Lëtzebuerg an an Däitschland. Si stellt reegelméisseg a Frankräich, Däitschland a Lëtzebuerg aus, an huet eng permanent Ausstellung zu Kinheim an Däitschland.


No enger véierter Plaz an der RTL-Tëlees-Emissioun «Success Story» fir hire Projet vu Kicheréckwänn aus fusionéiertem Glas, versicht si mat hiren Experimenter ëmmer méi wäit ze goen. Faszinéiert vun de Faarwen, der Transparenz, der Luucht vum Glas, produzéiert si an hirem Atelier zu Uespelt faszinant an iwwerraschend Kreatiounen, bei deenen d’Glas mat villen anere Materialie kombinéiert gëtt.

PHOTO: ©Josiane Raus
Pays en mutation, 2013, verre coulé avec fusions métalliques
dans les couleurs du drapeau national,
H 30 x L 3 0 cm x l 2 5 cm, pièce unique

PHOTO: ©Josiane Raus Pays en mutation, 2013, verre coulé avec fusions métalliques dans les couleurs du drapeau national, H 30 x L 3 0 cm x l 2 5 cm, pièce unique

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter