Jean-Pascal Lheureux
Jean-Pascal Lheureux

“D'Skulptur ass also, fir dëse Mann vun 48 Joer, eng einfach Weiderféierung vu sengem Beruff als Konschtschräiner.”

Jean-Pascal Lheureux

Zënter méi wéi 25 Joer "foltert" de Jean Pascal Lheureux d'Holz op all méiglech Manéieren. Dobäi ass hien inspiréiert vun de Fossilien an de Muschelen, déi mat der Zäit glat a patinéiert ginn, a kreéiert Skulpturen fir un d'Mauer a Miwwelen, haaptsächlech aus Eschenholz. Den zäitgenëssesche Geescht vu senger Aarbecht erlaabt him et, seng Plaz op verschiddenen Uerte vun der Welt ze fannen, vu Chamonix iwwer New York, Paräis, Lëtzebuerg oder  Korea am Joer 2018.


Seng Kreatiounen, Piècë fir ze stellen oder  fir opzehänken, sinn och ganz beléift bei Innenarchitekten a Konschtgalerien. Entreprisë vum Patrimoine gräifen och op hien zeréck, fir Prototyppe vu Skulpturen ze realiséieren, wéi deen, deen e fir d'Waux-Hall zu Bréissel rekreéiert huet. D'Skulptur ass also, fir dëse Mann vun 48 Joer, eng einfach Weiderféierung vu sengem Beruff als Konschtschräiner. Sou si seng Miwwelen a seng ganz markéiert Skulpture wéi eng Ënnerschrëft fir hien, sou wéi Kënschtler hir Kreatiounen ënnerschreiwen.

PHOTO: ©jplheureux
FLO MINERALIS, 2017, frêne

PHOTO: ©jplheureux FLO MINERALIS, 2017, frêne

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter