Julien Feller
Julien Feller

“ Hien ass virun allem vun der italienescher Renaissance-Konscht beaflosst, an och vum Grinling Gibbons sengem Stil.”

Julien Feller

De Julien Feller huet dräi Joer laang eng Ausbildung am Institut Saint-Luc vun Tournai gemaach, wou hie mat Brio bestanen huet an den éischte Präis vum Jury fir Skulptur kritt huet , ausserdeem de prestigiéise Präis "Bloc d'or" vun der Schoul. 2017 huet hie sech duerch seng Nominéierung fir de Prix Godefroi ausgezeechent.


Hien ass virun allem vun der italienescher Renaissance-Konscht beaflosst, an och vum Grinling Gibbons sengem Stil. D'Exigenz, déi déi grouss Meeschtere wéi  Michelangelo, Da Vinci, Ghiberti an aner grouss Kënschtler aus där Epoch gewisen hunn, si richteg Referenzen, déi hie bewonnert an déi hie bei senge Realisatiounen inspiréieren. De Grinling Gibbons huet och en Afloss op d'Manéier, wéi de Julien d'Dekore benotzt a se an engem méi zäitgenëssesche Stil wouerhëlt. De Julien huet nämlech eng ganz eege Fassong entwéckelt, fir d'Matière ze affinéieren a fir esou duerch den Aspekt vun der Spëtzt dem Realismus am nosten ze kommen.

PHOTO: ©Julien Feller
DENTELLE DE BRUXELLES N°2, 2018, bois de buis

PHOTO: ©Julien Feller DENTELLE DE BRUXELLES N°2, 2018, bois de buis

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter