Sandy Kahlich
Sandy Kahlich

Sandy Kahlich

 D'Sandy Kahlich, 1982 an Däitschland gebuer, lieft a schafft zënter 2004 zu Lëtzebuerg. Zum Schluss vun hirer berufflecher Ausbildung a Bayern, no engem kuerze Stage vun dräi Stonnen an engem Modistestudio wärend hirem leschte Schouljoer, wousst si , datt dat hiren Dramberuff wier. Si verbréngt nach ee Joer an hirem Léieratelier, fir d'Maîtrise vun der Matière ze perfektionéieren, ier si op Wien plënnert. Zënter datt si zu Lëtzebuerg ass, schafft si bei Modes Nita. Am September 2018 feiert d'Sandy hir zwanzeg Joer als Modistin.

An hirem Beruff schätzt d'Sandy d'Diversitéit vun den Aufgaben an den Technike wéi och de Räichtum u Matièren. Vu Filz, Stréi, Stëfter, Lieder, Plommen iwwer Cachemire fabrizéiert si Hitt, Kapen, Coiffen oder Hauwen a villes méi. All Stéck gëtt zu engem Unikat. Si lieft fir hire Beruff, deen aus Traditioun a Savoir-faire besteet a wou si all Dag Neies entdeckt.

Kugelspiel, 2022, 8 feutres de différentes couleurs , ruban de reps , fil, 70 x 40 cm, Photos : Nina Kruppert

Kugelspiel, 2022, 8 feutres de différentes couleurs , ruban de reps , fil, 70 x 40 cm, Photos : Nina Kruppert

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter