King Houndekpinkou
King Houndekpinkou

“ A sengen Ae sichen déi zwou "Wëssenschaften" no enger transzendentaler Relatioun tëscht dem Mënsch an der Natur duerch déi véier Elementer.”

King Houndekpinkou

1987 zu Montreuil gebuer, ass de King Houndekpinkou e Keramiker mat Wuerzelen a Frankräich an dem Bénin, deen zu Paräis lieft a schafft. 2012 kritt seng Faszinatioun fir Japan eng nei Richtung, wéi hien déi al iwwerliwwert japanesch Keramik entdeckt: Wärend senge ville Léieren zu Bizen, ass hie begeeschtert vun der ënnerschwelleger Spritualitéit vum Bizen-Yaki (Keramik vu Bizen), déi hien un déi animistesch Traditioune vu senge Virfaren aus dem Bénin erënnert, Wéi vum Voodoo-Kult.


A sengen Ae sichen déi zwou "Wëssenschaften" no enger transzendentaler Relatioun tëscht dem Mënsch an der Natur duerch déi véier Elementer. Haut vermëscht de King Leem a Materialien, déi vun alle Kontinenter kommen, fir experimentell Wierker ze schafen, déi handwierklech Traditioun, kulturellen Austausch a Spritualitéit matenee kombinéieren. Seng Virléift fir d'"Schéinheet vun der Imperfektioun" doen hie krazen, zerrappen a Kierperen aus Leem flécken, déi dacks vun engem Iwwermooss un Texturen defiguréiert sinn. Eemol gebak, entlarven seng Emaile Rëss, Grainen a Faarwen, déi d'Ästhetik vun de Vooddoo-Altaren aus dem Bénin imitéieren.

PHOTO: © 2018 King HOUNDEKPINKOU
“LA VEUVE DES MERS: NAUFRAGE AU CLAIRE DE LUNE”, grès, émaux, dorure

PHOTO: © 2018 King HOUNDEKPINKOU “LA VEUVE DES MERS: NAUFRAGE AU CLAIRE DE LUNE”, grès, émaux, dorure

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter