

“ Hir Produktioun ensteet aus enger déiwer Reflexioun iwwert d'Natur vum Mënsch an der Planzewelt, iwwert d'Schéinheet an dat Vergänglecht.”
Katarzyna Kot-Bach
1978 a Polen gebuer, huet d'Katarzyna Kot-Bach eng Ausbildung an der Skulptur op der Académie des Beaux-Arts vu Krakau gemaach, wou si 2003 hire Master krut. Si huet och Coursen op der École Supérieure des Beaux-Arts zu Paräis geholl. Mat hirer Formatioun an der Konschtpädagogik deelt si hir Leidenschaft am Kader vun der CEPA (Summerakademie).
Zënter 2002 am Grand-Duché huet si sech duerch hir monumental Bronze- Realisatiounen en Numm gemaach. Si ass Member vum Collectif Sixthfloor zu Käerch an huet eng Partie Präisser gewonnen; si stellt reegelméisseg zu Lëtzebuerg an am Ausland aus.
Hir Produktioun ensteet aus enger déiwer Reflexioun iwwert d'Natur vum Mënsch an der Planzewelt, iwwert d'Schéinheet an dat Vergänglecht. Exigent, mee och voller Respekt fir d'Material, recycléiert si Holz, andeems si en Dialog mat sengen Essenzen ageet an et a Konschtwierker verwandelt. D'Blieder an d'Äscht aus Bronze, déi no den natierleche Forme vum Laf gegoss sinn, treffe mat den organesche Skulpturen zesummen. An der Unioun aus Holz a Metall liest een de Wëllen, dat Vergänglecht festzehalen a mam Universum per du ze sinn: D'Blat, eenzegaartegt Wiesen oder Deel vun engem grousse Ganzen, invitéiert zur Introspektioun.