Katarzyna Kot
Katarzyna Kot

Katarzyna Kot

 

1978 a Polen gebuer, huet d'Katarzyna Kot-Bach eng Ausbildung an der Skulptur op der Académie des BeauxArts vu Krakau gemaach, wou si 2003 hire Master krut. Si huet och Coursen op der École Supérieure des Beaux-Arts zu Paräis geholl. Mat hirer Formatioun an der Konschtpädagogik deelt si hir Leidenschaft am Kader vun der CEPA (Summerakademie). Zënter 2002 am Grand-Duché huet si sech duerch hir monumental Bronze- Realisatiounen en Numm gemaach. Si ass Member vum Collectif Sixthfloor zu Käerch an huet eng Partie Präisser gewonnen; si stellt reegelméisseg zu Lëtzebuerg an am Ausland aus.

Ausgestallt huet si ënner anerem op der Art Fair Stockholm, am Grand Palais zu Paräis, an der Galerie „Durden and Ray” zu Los Angeles, zu Bréissel, zu Venedeg, am Domaine Art et Nature zu Chaumont-sur-Loire an zu Mons.

D’Katarzyna inspiréiert sech staark un der Natur, sculptéiert lokal Beem an trëtt mat der Schéinheet vun de Planzen an en Dialog. Hir Aarbecht spigelt eng ekologesch Ideologie erëm, an där d’Beobachtung vun den Zyklen an déi perséinlech Interaktioun sech vermëschen.

Am léifste schafft si mat natierleche Materialer, besonnesch mat Holz, dat brëcheg ginn ass an dat si iwwer e laange Recyclage stabiliséiert. An hire Kreatioune fënnt een dacks „Erënnerungsfragmenter”, déi aus Äscht, Blieder, Schuel oder Haarz bestinn an d’Liewen, den Doud, d’Erënnerung an d’Zäit erfuerschen.


 

METROPOLIS I, 2022, bois, Photo portrait : Blackmagictea

METROPOLIS I, 2022, bois, Photo portrait : Blackmagictea

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter