Kyoko Murayama
Kyoko Murayama

“D'Kyoko gëtt den traditionnelle Formen a Matièren e modernen Touch”

Kyoko Murayama

D'Kyoko Murayama huet en Diplom an der Sektioun Molerei vun de Beaux-Arts zu Paräis. Si interesséiert sech besonnesch fir Hitt an d'Techniken, fir déi hierzestellen. Si huet am Atelier vun der Maison Michel (Chanel) geschafft, wou si hire CAP am Beräich vu Moudenhitt kritt huet. Nees zeréck a Japan grënnt si hiren eegenen Atelier a schafft fir déi prestigiéis Firma YUMI KATUSRA, wou si Hitt an "Bibis" fir  Defiléë kreéiert a fabrizéiert. Si war och Chargée de cours op der Université des Arts et Métiers Kanazawa.


Duerch hir Kreatioune fir den Theater GEKIDAN SHIKI krut si eng Bourse  vum japanesche Ministère vun der Kultur, fir a Frankräich Recherchen iwwert de Konschttheater, d'Kostümer an d'Hitt ze maachen. 2003 gouf si als Stagiaire chercheuse an der Comédie française ugeholl a kreéiert fir de Kino. Zënterhier realiséiert si artistesch Kostümer an Hitt fir den Theater, d'Oper oder berühmt Stilisten. D'Kyoko gëtt den traditionnelle Formen a Matièren e modernen Touch. Si krut eng ganz Partie renomméiert international Präisser.

PHOTO: ©Kyoko MURAYAMA
LA SUBLIME GRUE, 2018, Tissu japonais, obi tissé de Nishijin, soie, papier japonais Mizuhiki, cordons

PHOTO: ©Kyoko MURAYAMA LA SUBLIME GRUE, 2018, Tissu japonais, obi tissé de Nishijin, soie, papier japonais Mizuhiki, cordons

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter