Lars Zech
Lars Zech

“Déi wierklech Affirmatioun vu senge Wierker besteet doran, hire Sënn an hir Sensualitéit ze schätzen.”

Lars Zech

De Lars Zech, zu Stuttgart gebuer, fänkt seng Carrière als Artist a sengem Atelier net wäit vum Schwarzwald un. Et si Froen a Point-de-Vuen - bal wéi bei enger wäisser Leinwand- déi hien undreiwen. Hannendru kommen differenzéiert a komplex Decisiounen, déi schliisslech zu engem reellen, präsenten an authentesche Wierk féieren. De Lars interagéiert op ganz intensiv a leidenschaftlech Manéier mat senge Wierker a kreéiert esou eng dynamesch Verbindung mat hinnen. Dobäi kënnt e staarken an authentesche Stil eraus. D'Material, de Savoir-faire, déi iwwerluechten Identifizéierung reflektéiere sech an de Formen an an den Inhalter, déi dobäi entstinn.


De Lars invitéiert eis, mam Material, der Form an der Präsenz  ze interagéieren an e liewege Lien mat de Wierker ze schafen, andeems de Geescht sech ausroue kann an ee sengen eegene Sënner vertraut. Déi wierklech Affirmatioun vu senge Wierker besteet doran, hire Sënn an hir  Sensualitéit  ze schätzen. Seng Wierker fënnt een a Galerien an a Privatkollektiounen op der ganzer Welt. Hien huet och u villen individuellen a kollektiven Ausstellungen deelgeholl, op internationale Foiren an Däitschland an am Ausland.

PHOTO: ©Beda Lindhorst
MOVING PORTRAIT NATURAL, 2018, ash

PHOTO: ©Beda Lindhorst MOVING PORTRAIT NATURAL, 2018, ash

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter