Léa Schroeder
Léa Schroeder

“Léa exploite son imagination en déclinant la technique de la faïence cloisonnée.”

Léa Schroeder

Mat engem Diplom vu Créapôle (Paräis) an der Creative Academy (Mailand), ass d'Lea Schroeder eng Designerin, déi an de Luxusaccessoirë spezialiséiert ass. Si schafft zu Paräis a Lëtzebuerg. Ufanks vun hirer Carrière huet si fir LANCEL gezeechent: Maroquinerie, Bijouen an Textil. Si huet virun allem an de Seidecarréen hir grouss Passioun fir graphesch Motiver, déi hir Handschrëft droen, entdeckt.


2017 mécht si sech selbstänneg. Si bitt hir Servicer als Grafikerin un a gëtt hir éischt Kollektioune vu Keramiken eraus, déi komplett op der Hand gemaach sinn an de Label "Made in Luxembourg" droen. Op Plättercher, Vasen, Telleren, Skulpture léisst si hir Fantasie spillen a setzt d'Technik vun der "Faïence cloisonnée" an. Hir polychrom Objeten, wou ethnesch Inspiratioune sech mat erliefte Geschichte vermëschen erzielen ouni Wierder al iwwerliwwert Mythen a modern Märercher.

PHOTO: ©Léa Schroeder
LE COUPLE CÉLESTE, 2018,Faïence

PHOTO: ©Léa Schroeder LE COUPLE CÉLESTE, 2018,Faïence

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter