"De Geste an de Territoire " - 23-26 novembre - 10-18:30 (entrée libre) - Nocturne jusqu'à 21h le jeudi 23 novembre

25/09/2023

 

 

„De Geste an den Territoire” heescht d’Theema, dat de Commissaire vun der Ausstellung, de Jean-Marc Dimanche, fir déi véiert Editioun vun der Biennale De Mains de Maîtres gewielt huet. D’Ausstellung fënnt vum 23. bis de 27. November 2023 am 19Liberté statt a regruppéiert eng 77 Kënschtler aus Lëtzebuerg a ronn 40 aus Portugal, dem Éieregaaschtland.

An enger Welt, déi ëmmer méi oppen ass, an där d’Uniformiséierung den Toun ugëtt, ass dës Thematik vu ganz besonnescher Bedeitung. Zemools an engem Land ewéi Lëtzebuerg, matten am Häerz vun Europa, stellt sech d’Fro vun der kultureller Identitéit mat enger grousser Drénglechkeet.

De Grand-Duché zeechent sech duerch seng zentral Lag, als Duerchgangsland an, zanter Laangem, och als Opnameland aus. 2022 hunn net manner ewéi 170 verschidden Nationalitéiten hei gelieft, an dës Diversitéit spigelt sech och ganz kloer an den haitege Konschtberuffer erëm. Dës Beruffer, Zeie vum ethneschen a kulturelle Mix, entwéckele sech permanent weider an hannerfroen an iwwerdenken dobäi och konstant déi handwierklech Prozesser.

Mam Theema „De Geste an den Territoire” soll déi handwierklech an intellektuell Kreativitéit zelebréiert ginn, a gläichzäiteg d’Createuren an d’Konschthandwierker opgefuerdert ginn, de Begrëff vun der kënschtlerescher Identitéit an dem kulturelle Patrimoine, déi enk mat der Geschicht vum Grand-Duché verbonne sinn, ze hannerfroen. Wéi gëtt de Savoir-faire vun eise Virfaren iwwerdroen? Wéi entwéckelt sech dëst Wësse weider duerch d’Dobäikomme vu Kënschtler mat aneren Horizonter an hire Bäiträg? A wéi engem Mooss kann déi kulturell Porositéit am Laf vun der Zäit den eigentleche Stil vum lokale Konschthandwierk beaflossen an ëmgestalten?

Et ass och un der Zäit, kruzial Froen am Zesummenhang mat der Ëmwelt unzegoen, besonnesch am Hibléck op déi agesate Ressourcen an Technologien. D’Biennale „De Mains De Maîtres” luet Iech an, dës opgefrëschte Vitalitéit vum Wëssen a vun de Praktiken iwwer déi gewinnt kulturell Grenzen eraus matzeerliewen an ze erfuerschen. Si ënnersträicht mat dëser Iddi, datt d’kënschtlerescht Schafen, iwwer d’Striewen no Schéinheet, och en déiwe Respekt fir eise Planéit fërdere kann, a gläichzäiteg d’Kraaft huet, mënschlech Communautéiten zesummenzebréngen a se an eng villverspriechend an nohalteg Zukunft ze orientéieren.

D’Editioun 2023 setzt Portugal an de Mëttelpunkt, e Land, deem seng Auswanderer déi gréissten auslännesch Communautéit zu Lëtzebuerg duerstellen. Eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir d’Konschthandwierker vun dësem Land ze entdecken, dat opgrond vun de Lienen, déi eis verbannen, no ass, a wéinst senger Lag am äusserste Weste vun der ibeerescher Hallefinsel gläichzäiteg wäit ewech ass. Eng gutt Geleeënheet, fir eppes mateneen ze erliewen, ze dreemen, ze reesen, well d’Kreatioun kennt glécklecherweis keng Grenzen!


 


 

"De Geste an de Territoire " - 23-26 novembre - 10-18:30 (entrée libre) - Nocturne jusqu'à 21h le jeudi 23 novembre
 
 

 

Hutt Dir eng Fro iwwer d'Associatioun "De Mains De Maîtres Luxembourg"?

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter