Léonie Fonck
Léonie Fonck

“Zanterhier experimentéiert si mat verschiddenen Déckten vu Selwerdrot a mat ënnerschiddlechen Moossen vun « Strécklieselen » an integréiert a seng Aarbechten och ëmmer méi Edelsteng an aner Materialien, wéi Holz a Stëfter.”

Léonie Fonck

Leonie Fonck ass 1961 zu Dikrech op t‘Welt komm. Strécken huet hatt als Kand scho begeeschtert. Matt e puer Nolen an engem Fuedem eppes ze kreéieren. 2006 gesäit hatt an der Broschür vun der Formatioun des Adultes e Kur fir Bijouterie mam Claude Recken. Direkt war Decisioun gefall fir virun ze fueren. E Stage reit sech un den Aneren. Hatt schreift sech zu Arel an t Académie des beaux arts bei t‘Claire Lavende an. Duerno an t Volkshochschule zu Freiburg bäi den Urs Stüssi an den Hans Kasper (+) vun der Goldschmiedeschule Pforzheim. Besonnesch dem Hans seng Stréckkuren faszinéieren hatt.


Zanterhier experimentéiert si mat verschiddenen Déckten vu Selwerdrot a mat ënnerschiddlechen Moossen vun « Strécklieselen » an integréiert a seng Aarbechten  och ëmmer méi Edelsteng an aner Materialien, wéi Holz a Stëfter. Finitioun vun deenen Aarbechten ass ëmmer no der Handwierkstechnik vum Goldschmadd realiséiert. Zanter 2018 huet hatt och säin eegenen Atelier.

PHOTO: ©Spuerkeess - Flavie Hengen
MÉDUSE, 2017, argent-nacre

PHOTO: ©Spuerkeess - Flavie Hengen MÉDUSE, 2017, argent-nacre

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter