Lily Weisgerber-Peters
Lily Weisgerber-Peters

Lily Weisgerber-Peters

D’Lily Weisgerber-Peters, 1943 am Reckendall (L) gebuer, huet 1970 eng Léier als Wiewerin ugefaangen, an zwar zu Lëtzebuerg, an der Schwäiz, a Finnland an a Schweden. 1982 mécht si hiren Atelier zu Conter op, wou si, zesumme mat hirem Mann, dem Pit Weisgerber, reng handgewiewten Objeten aus natierleche Materialie kreéiert, souwuel fir dekorativ wéi och fir Gebrauchszwecker. Iwwer Jorzéngten huet d’Lily als Chargée de cours hir Passioun mat ville Schüler gedeelt, an dat an der Erwuessenebildung, beim CEPA am Espace Créatique an op diversen aneren Ausbildungsplazen. Si ass Member vum European Textile Network, vum Damask Weavers Network, vun der Fédération Suisse des Tisserands Professionnels a vum Nordic Textile Network.

Fir dës Biennale presentéieren d’Kënschtler dräi Wierker, déi vun de Charakteristike vum Lëtzebuerger Land a senger Kultur inspiréiert sinn. D’Kreatioune spigelen déi vill geologesch Schichte vum Buedem, d’Diversitéit vun der Bevëlkerung genee ewéi de Rouse-Patrimoine vum Land erëm. Mat engem klenge Schmunzele gëtt dann och op d’Rous am „Klenge Prënz” verwisen, déi drun erënnert, wéi wichteg et ass, dat, wat een huet, ze versuergen a gläichzäiteg d’Diversitéit ze begréissen an ze fleegen. An engem vun hire Projete brénge si d’Theema vun der Biennale zum Ausdrock, andeem si mat enger lokaler Designerin zesummeschaffen a Woll aus der Regioun verschaffen.

Strata, 2023, Tissage à la main sur métier Jacquard éléctronique. Matière : fil cachemire et soie, Photo portrait : Vera Weisgerber

Strata, 2023, Tissage à la main sur métier Jacquard éléctronique. Matière : fil cachemire et soie, Photo portrait : Vera Weisgerber

  • newsletter Abonnéiert eis Newsletter